Arcelor Mittal - Dioxin

  • Mir wëssen dass den DIOXIN fir Gesondheet vun de Mënschen net gutt ass. D‘Elekrostoolwierk vun Arcelor Mittal vun Esch-Belval steet op eiser rouder Lëscht vun der Ëmweltverschmotzung hei zu Lëtzebuerg op éischter Platz. D'SLPL mëscht sech Gedanke well Grenzwäerter vun de kriibserreegende Stoffer ewéi Polyaromatesch Kuelewaasserstoff, Schwiefeldioxid, Kuelestoffmonoxid an total organesch Kuelestoffer säit Joren onerlaabt an der Atmosphäre fräigesat ginn. Et ass eng Gefor an eng inakzeptabel Belaaschtung fir de Mënsch an d‘Ëmwelt.


    Ausser dem Mouvement Ecologique an der Biergerinitiative „Stopp Dioxin“ versti mir net firwat den Ëweltministerium a keng Partei sech konkret dësem Problem unhelt. Aus engem Presseartikel vum Lëtzebuerger Wort geet ervir dass Arcelormittal 2014 ugekennecht huet, dass si drun schaffe fir Wäerter an de Grëff ze kréien.


    Mir wëllen, dass eisen Ëmweltminister nach virun de Chamberwahlen sämtlech Dioxin Moossungen ëffentlecht publizéiert.