Et geet Lëtzebuerg finanziell gutt !?

  • Den Här Bettel huet klipp a kloer gesot dass et Lëtzebuerg finanziell gutt geet. Do muss ech mir als Parteipresident awer Fro stellen a wat fir enger Hisiicht dat gemengt war an zu wellechem Präis. Well de Bierger geet et finanziell net gutt. Laut dem Här Bettel ass ee méi fräi, méi berouegt an et fillt een sech méi sécher an et kann een de Kanner méi bidden. Ech weess elo net wou déi Informatiounen hiergeholl gi sinn. Mee dat stëmmt sous garantie net.

    Dat sinn Aussoe vu Bürokraten, well dobaussen op der Strooss an am Alldag gesäit Liewe ganz anescht aus. Menger Meenung no handelt et sech herbei em en Utopescht Denken oder grousse Realitéitsverloscht.


    Lëtzebuerg soll en attraktiivt, stabel a finanziell ofgeséchert Land sinn? Wéi steet et da mat de „sougenannte legalen“ Steierhannerzéiunge vu Grousskonzerner a Lëtzebuerg?! Mir kennen also net behaapten dass Wirtschaft am Déngscht vun de Léit ass. Et ass ewéi e Packt mam Däiwel, well engersäits kréie Grousskonzerner Steiervirdeeler dass si sech hei bei eis am Land kennen nidderloossen, wat awer moralesch louch ass, op der anerer Säit investéieren se awer an d'Land.

    Wann dat esou weider geet, verfale mir a noer Zukunft an Aarmut vum allerdéifste Mëttelalter an enger gespléckter Gesellschaft vun Aarm a Räich. An dat just nëmmen duecht Gier no Muecht, Geld a Räichtum. Mir brauchen hei am Land e komplette politeschen Neiufank. Mir brauchen net nëmmen eng eemoleg innovativ, kreativ an revolutionär Politik, mee op laang Dauer eng éierlech, fair an sozialliberal, transparent Politik.


    Virun allem net ze vergiessen, de bezuelbare Wuelstand, Gesondheet a Vollbeschäftegung. Mir kennen net zouloossen, dass verschidde Politiker hei am Land sech ongenéiert Täschen op de Käschte vun der Allgemengheet fëllen.

    Leider ass d'Politik hei zu Lëtzebuerg net capabel ze lauschteren an ze begräife wou de Schong beim normale Bierger dréckt. Ech stelle mir d'Fro, op eis derzäiteg Regierung eng Staubsaugerpolitik bedreift!?