Sozialliberal ass net nëmme Liberal Politik

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."
Foto: www.pixabay.com

Wéi de Parteipresident erkläert huet, ass et wichteg ze verstoen dass et am liberalem Spektrum ënnerschiddlech politesch Stréimunge ginn. Dat geet vu reng Liberal bis wirtschaftsliberal, neoliberal, lénksliberal, elementarliberal a nationalliberal, déi am Géigendeel zum Sozialliberalismus, oft zu engem Ultraliberalismus féieren. Dat bedeit, dass déi verschidde liberal Spektren a Konviktiounen an enger iwwerdriwener Weis an dat Extreemt féieren.


De Sozialliberalismus huet seng Wuerzelen am politesche Liberalismus. Als eenzeg Lëtzebuerger Sozialliberal Partei wëlle mir Chancënongläichheet kompensatoresch korrigéieren. Ugepassten a bessere Wuelstand fir déi Äermsten zu Lëtzebuerg an Europa ass fir eng maartorientéiert Wirtschaft wuestumsoptimal a séchert déi individuell Onofhängegkeet.


Staatspolitik huet sech verännert. Mir kucken a versichen, dass mir de radikalen an administréierte Maartpräis, den eis all an eng Wirtschaftssakgaass féiert a schonns deelweis gefouert huet ze generaliséieren an déi Traditioun als Fräiheets- a Biergerpartei perséinlech an inhaltlech ze erneieren. Zousätzlech brauche mir engersäits eng néi ugepasste Biergergesellschaft an anerersäits eng, déi sech net anenge léisst a mat der en a Lëtzebuerg mat Erfolleg an d'Zukunft goe kann. Dat funktionéiert awer just wann een eng nohalteg an innovativ Wirtschaftspolitik bedreift wou ee sécher Aarbechtsplaze schaffe kann.


Laut eisem Parteipresident ass et eng Katastroph, dass eis Gesellschaft grad elo dobäi ass sech komplett ze verléieren a vum sozialem an demokrateschem Wee ofkënnt. Mënschen erliewe grad eng komplett Digitaliséierung an Automatiséierung. Mir mussen oppassen dass de Mënsch net a senger Aarbechtswelt op eemol komplett iwwerflësseg gëtt. Den Aarbechter soll erëm um Produktivitéitskapital souwéi un enger Entreprise an un dem Betribsakommes bedeelegt ginn.


Dat rengt wirtschaftlech Wonschdenken ass schonns eng Perversioun um Liberalismus an eis aktuell Reforme féieren zu schaarfen Zil- an Interessekonflikter.


Dozou erkläert eise Parteipresident och dass et fir SLPL ganz schwéier ass iergendwann mat enger etabléierte Partei a Lëtzebuerg eng Koalitioun anzegoen. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg beweegt sech op enger anerer politescher Linn. Eis Partei ass liberal, sozial, humanistesch an nohalteg ausgeriicht. Eng nohalteg Politik ass fir eis vu grousser Necessitéit.


DP ass fir eis Verhältnisser keng richteg liberal Partei, mee éischter eng neoliberal a wirtschaftsliberal Partei déi mat der Fräiheet vun de Mënschen op der Strooss net vill ze dinn huet. D' LSAP a CSV hatte laang Zäit en sozialen Image, den se aktuell dem Bierger ëmmer nach detailléiert exposéiere wëllen. Leider goufen et och hei an deene leschte Jore sozial Restriktiounen a Contrainten. Si hunn vertrauen an Politik doduerch strapazéiert, dass méi ugekënnegt gëtt wéi agehale ka ginn. An am Géigendeel zu deene Gréngen an der Piratepartei ass d' SLPL fir Fräiheetsrechter vun de Mënschen a klengt net nëmmen esou.


Et gëtt keen definitiivt Konzept dat virschreift, dass eng Oppositiounspartei d'Politik bestëmmt. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ënnerstëtzt awer Determinatioun a perséinlech Autonomie. An dësem Sënn féiere mir kee politesche Kampf géint Wandmillen a maachen och keng Politik fir sech nëmmen ze profiléieren. Mir wëlle mat eiser Partei en staarkt politescht Géigegewiicht zu deenen etabléierte Parteien a Lëtzebuerg opbauen.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Commentairen