Fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun

Foto: www.pixabay.com

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg huet Bedenken zu der néier fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun „5G“ déi och zu Lëtzebuerg an noer Zukunft wäert mobiliséiert ginn. Als Partei weise mir drop hin dass, mir net géint eng innovativ Handy Kommunikatioun sinn. Fantastesch Informatiounen zu dëser Technik gouf et 2017 op dem Mobile World Congress zu Barcelona. Experimenter fir e méigleche Frequenzstandard ze kréie gi praktesch an all Land ëmmer nach vollbruecht. Fro stellt sech wat fir eng ass schiedlech fir eis Gesondheet!? Mir dierfen och net vergiessen dass op der A13 e Telekommunikatiouns Provider eng 5G-Teststreck well opbauen.


No deenen akribesche Recherchen déi Partei an deene leschte Méint gemaach huet, an ouni de Protokoll vun de Lëtzebuerger Gesondheetsgesetzer ze ëmgoen a gläichzäiteg wëssenschaftlech Renseignementer mat anzebegräifen, stelle mir déi 5G Mobilfunk Dissertatiounen a Fro.


Spéitstens 2020 soll de LTE (4G) Nofolger, 5G (fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun) weltwäit gestart ginn. Esou d’Informatiounen aus der Press. Mir wëssen, dass onofhängeg a perfekt oder ideal methodesch Studie rar sinn. Den IARC (International Agency for Research on Cancer) selwer stuuft d’Handystrahlung als eventuell carcinogenic an.


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wat fir fundamental Fuerschungen zum Schutz vun der Populatioun gëtt et säitens der Regierung?
  2. Wéi vill Bierger sinn an de leschten 10 Joer offiziell un EHS ( Elektrohypersensibilitéit) zu Lëtzebuerg erkrankt ?
  3. Wat fir Studienresultater zum Kriibsrisiko wéinst Elektrosmog léien der Regierung an der AMMD fir ?
  4. Wéi präventiv gëtt Lëtzebuerger Populatioun vun der Regierung virun Handystralunge gewarnt?


Am Numm vun der Partei, Ronald Mordiconi Nationalpresident.


ANNEXE(S)
Offizielle Bréif: 20.03.2019 SLPL_OL_G520032019 (hei klicken)
Offiziell Äntwert: 07.05.2019 Ref: 82bxb291b (hei klicken)


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".