De Bréifdréier als technesch qualifizéierte Sozialaarbechter

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."
Foto: www.pixabay.com

Besonnesch de Bréifdréier kritt eng Asiicht a Privatliewe vun de Leit, dat erfuerdert een héicht Moos vu Vertrauen. Mat der moderner Digitaliséierung loosse Volume vum Bréifverkéier lues a lues no. A ganz Europa setzen neierdéngs Postbetriber op néi Aarbechtsmodeller a Déngschtleeschtunge fir den Ëmsaz kënnen ze erhéijen. Et handelt sech hei em Formalitéit a Frënndschaftsdëngschter.


A Südfrankräich „Saint-Maximin-La-Sainte-Baume“ stelle speziell ausgebilt Postbeamte, Bréiwer a kléng Päck schonns mat Dronen aus. Wat am Ufank nach e Pilotprojet war gëtt elo mat Erfolleg weider ausgebaut. Déi franséisch Post setzt op eng innovativ Zukunft.


Am Mee 2018 huet an Däitschland Post-Bremen och e Pilotprojet mam Titel „ Post Persönlich“ gestart. Et handelt sech em Offere fir Senioren. Post arrangéiert Hëllef am Stot. De Bremer Modellprojet soll bis Enn 2019 fortgesaat ginn. Dat alles fuerdert natierlech méi eng grouss Unzuel vu Personal.


Duerch déi néi Déngschtleeschtunge ka méi Personal agestallt ginn, wat dozou féiert, dass de Chômage kéint deelweis weider reduzéiert ginn.


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wat fir praktesch Zukunftschancen huet eisen derzäitege Bréifdréierberuf nach?
  2. Gett de Bréifdréier a Lëtzebuerg a noer Zukunft zu engem technesch qualifizéierte Sozialaarbechter ausgebilt?
  3. Huet Regierung en wirtschaftlechen Interêt dorun fir an déi Déngschtleeschtung ewéi vun der SLPL betitelt „Hëllef am Stot“ ze investéieren oder ze finanzéiere wann Post Lëtzebuerg esou Servicer erëm géif ubidden?
  4. Wat fir een neien Aarbechtsmodell fir Bréifdréier soll op laang Weil gëllen?

Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Kommentare