Steierreform a sozial selektiv Steiermesurë

Foto: www.pixabay.com

D’Sozialliberal Partei mécht sech awer Gedanken ëm all déi Persounen déi an der Steierklass 1 verweilen a desavantagéiert ginn.


Dass de Lëtzebuerger Steiersystem ongerecht ass, ass schonn eng zäitlaang bekannt. D’Sozialliberal Partei mengt dat et der Politik awer zimlech egal ze sinn schéngt. Steierreform vun 2017 war politesch gesinn just nëmmen e Minimalkonsens. Belaaschtung vun den Personnes Physiques ass einfach ze héich, net sozial a net gerecht. Inégalitéit ass onsozial. Ophalen d’Aarbecht also d’Salariat ze besteieren, dofir grouss Gewënner vun de Multikonzerner richtech besteieren. D’Regierung soll sozial selektiv Steiermesurë fir d' Leit aféieren.


SLPL fuerdert onbedéngt a schnellst méiglech eng ugepassten Entlaaschtung u Steiere fir den einfache Bierger. Dat well net heeschen, dass Steierklass 1 ganz verschwanne muss. Déi héich Steieren an der Steierklass 1 weisen, dass Politik hei zu Lëtzebuerg vill ze laang nogekuckt huet an net vill ënnerholl huet. Politik muss reagéieren, soss ass Steiergerechtegkeet net méi ginn.

Mir fuerderen , dass Grondsteier a Gewerbesteier bei den Entreprisë mat grousser Surface, erhéicht an ugepasst muss gi fir méi eng sozial a fair Gerechtegkeet bei der Majoritéit vun der Bevëlkerung ze hunn a fir Baulandspekulatiounen endlech an de Grëff ze kréien. Een de vill Geld well verdénge soll och deementspriechend Steiere bezuelen.

Mir brauchen eng sozial Steierreform fir Lëtzebuerg, fir eis Biergerinnen a Bierger !


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wéi héich ass aktuell de KORREKTIVE. Steieren déi benotzt ginn vir Verfeelunge vun der Gesellschaft auszegläichen ?
  2. Ginn et schonns Mesurë fir Steierklass 1 gerecht unzepassen ?
  3. Wéi laang dauert et nach fir sozial selektiv Steiermesurënn anzeleeden ?
  4. Wéi schnell kann d‘Regierung eng Entlaaschtung u Steiere fir den Normalverdinger aleeden ?
  5. Wéi wéit ass Regierung mat der Upassung vun der Grondsteier a Gewerbesteier fir Entreprise mat grousser Surface ?


An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Finanzminister, villmools Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.


Am Numm vun der Partei, Ronald Mordiconi Nationalpresident.


ANNEXE(S)
Offizielle Bréif: 27.03.2019 SLPL_OL_TAX27032019 (hei klicken)
Offiziell Äntwert: 18.05.2019 Nach keng Äntwert kritt


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".