D' SLPL setzt strategesch op Green-IT

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."
Foto: www.pixabay.com

Als Partei hunn mir d'Erausfuerderung fit a modern fir Zukunft ze sinn, eisen IT-Beräich op offe Software ëmgestallt. Mir erhoffen dass domadder den integralen Usaz fir eng fréi an offen IT-Landschaft an eiser Verwaltung stattfënnt. Mir wëllen net ofhängeg vu proprietärer Software si mee dozou bäidroen déi gesellschaftlech Innovatioun ze stäerken. Ee weideren Aspekt fir des Wal vu fréier Software si Käschte spuere bei de Softwarelizenzen.

Wéi eng Software benotze mir:

Fir D'VERWALTUNG

Eis Parteidatenbank gëtt komplett mat Dolibarr ERP/CRM ausgefouert. Et ass eng optimal, modern an einfach browserbaséiert Software fir Entreprisen, Organisatiounen, Veräiner oder Parteien ze managen. ( Kontakt/Partner/Adressen, Planifikatioun, Produkter/Leeschtungen, Verkaf, Rechnungen/Keess a Verméigensverwaltung, Bankkonten, eng ugepasste Comptabilitéit fir Lëtzebuerg, Projekter, Personal, Memberen an Dokumentverwaltung ) http://www.dolibarr.org

PC A NOTEBOOKS

Eis PCen a Notebooke si mat dem Betribssystem LINUX - Arch als Kärbestanddeel ageriicht. Déi aktuell Versioun ass Manjaro Linux mat dem Windowsmanager KDE. http://www.manjaro.org


Folgend Programmer gi benotzt: Libre Office, Firefox, Thunderbird, Gimp, Inkscape, Krita, Scribus, Atom, MonoDevelop, NetBeans, Apache, PHP, Filezilla, VM Virtualbox, Teamviewer etc.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Kommentare