ArcelorMittal a Dioxin

Foto: www.pixabay.com

D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg mëscht sech Gedanke well Grenzwäerter vun de kriibserreegende Stoffer ewéi Polyaromatesch Kuelewaasserstoff, Schwiefeldioxid, Kuelestoffmonoxid an total organesch Kuelestoffer säit Joren onerlaabt an der Atmosphäre fräigesat ginn. Et ass eng Gefor an eng inakzeptabel Belaaschtung fir de Mënsch an d‘Ëmwelt.


Ausser dem Mouvement Ecologique an der Biergerinitiative „Stopp Dioxin“ versti mir net firwat den Ëweltministerium a keng Partei sech konkret dësem Problem unhelt. Aus engem Presseartikel vum Lëtzebuerger Wort geet ervir dass ArcelorMittal 2014 ugekennecht huet, dass si drun schaffe fir Wäerter an de Grëff ze kréien.


Mir dierfen net vergiessen dass et säit dem 09 Mee 2014 e Gesetz gëtt wou ganz kloer definéiert ass:


„Losque le non-respect des conditions d’autorisations présente un danger direct pour la santé humaine ou risque de produire un important effet préjudiciable immédiat sur l’environnement et jusqu’à la conformité soit rétablie conformément au premier alinéa points b) et c) l’exploitation de l’installation …est suspendue.“


Mir wëllen, dass eisen Ëmweltminister nach virun de Chamberwahlen 2018 sämtlech Dioxin Moossungen ëffentlecht publizéiert.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".