Lëtzebuerg geet et finanziell gutt !?

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."
Foto: www.pixabay.com

Ech weess elo net wou déi Informatiounen hiergeholl gi sinn. Mee dat stëmmt esou net. Dat sinn Aussoe vu Bürokraten, well dobaussen op der Strooss an am Alldag gesäit Liewe ganz anescht aus. Menger Meenung no handelt et sech herbei em en Utopescht Denken oder grousse Realitéitsverloscht.


Lëtzebuerg soll en attraktiivt, stabel a finanziell ofgeséchert Land sinn? Wéi steet et da mat de „sougenannte legalen“ Steierhannerzéiunge vu Grousskonzerner a Lëtzebuerg?! Mir kennen also net behaapten dass Wirtschaft am Déngscht vun de Léit ass. Et ass ewéi e Packt mam Däiwel, well engersäits kréie Grousskonzerner Steiervirdeeler dass si sech hei bei eis am Land kennen nidderloossen, wat awer moralesch louch ass, op der anerer Säit investéieren se awer an d'Land.


Wann dat esou weider geet, verfale mir a noer Zukunft an Aarmut vum allerdéifste Mëttelalter an enger gespléckter Gesellschaft vun Aarm a Räich. An dat just nëmmen duecht Gier no Muecht, Geld a Räichtum. Mir brauchen hei am Land e komplette politeschen Neiufank. Mir brauchen net nëmmen eng eemoleg innovativ, kreativ an revolutionär Politik, mee op laang Dauer eng éierlech, fair an sozialliberal, transparent Politik.


Virun allem net ze vergiessen, de bezuelbare Wuelstand, Gesondheet a Vollbeschäftegung. Mir kennen net zouloossen, dass verschidde Politiker hei am Land sech ongenéiert Täschen op de Käschte vun der Allgemengheet fëllen.


Leider ass d'Politik hei zu Lëtzebuerg net capabel ze lauschteren an ze begräife wou de Schong beim normale Bierger dréckt. Ech stelle mir d'Fro, op eis derzäiteg Regierung eng Staubsaugerpolitik bedreift!?


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".

    Commentairen