Leitartikel

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."

Foto: www.pixabay.com

D'WUERT VUM PARTEIPRESIDENT

Léif Parteimemberen a Visiteuren,


De Liberalismus ass déi Eelst vun de moderne politesche Beweegungen. De Journalist Karl Grün hat schonns 1845 vum Sozalliberalismus geschriwwen. De Begrëff „Sozialliberalismus“ gouf awer eréischt 1891 vum Nationalekonomist, Journalist a Publizist Theodor Hertzkas agefouert. De politesche Liberalismus ass niewent dem Konservatismus an dem Sozialismus eng vun de wichtegste politesche Grondausriichtungen. Geschichtlech gesinn ass de Sozialliberalismus net mat dem Lénkliberalismus ze verwiesselen. Wéi all Form vu Liberalismus definéiert sech och de Sozialliberalismus aus dem Konzept vun der Fräiheet. De Sozialliberalismus ass net nëmme parteipolitesch engagéiert mee en erméiglecht en soziaalt Engagement. Eng Renaissance fir den Sozialliberalismus ass méiglech, och wann déi verschidden sozialliberal Elementer konjunkturofhängeg sinn.


Lëtzebuerg ass e Land wat zanter laangem positiv politiséiert ass, mat enger gespléckter Gesellschaft. Déi etabléiert Parteien hunn Muecht ënnert sech opgedeelt. Net nëmme mat den Strukturen mee och mat den Koalitiounspartner. Dat ass eng Problematik well se all déi selwecht politesch Entscheedungen treffen, dobäi ginn ëmmer nëmmen déi Delegéiert gewielt déi de stäerkste Réckhalt hunn. Aussesäiter (Outsider) mat politeschen Iddien a Kompetenzen si bei de Parteie wéinst hiren interne politesche Karriären onbeléift.


Mëttlerweil traut Majoritéit vun de Bierger de Parteie keng politesch Verännerung méi zou. Lëtzebuerg brauch onbedéngt e politesche Strategiewiessel mat sozialliberale Viraussetzunge wou déi gesellschaftlech Grondproblemer an éischter Plaz stoe mussen.


Fir en Zesummeliewen an eiser Gesellschaft braucht ee Grondreegelen. Gesellschaft ass ewéi eng grouss Grupp mat eenzelen Individuen déi sech am beschte Fall matenee verdroen, zesummenhalen a Récksiicht een op den Aneren huelen, egal wat fir eng Hautfaarf, Relioun oder Nationalitéit een huet.


D’Integratioun muss haut an och an Zukunft en Instrument sinn, dass déi Leit, déi hei an d'Land kommen eng Garantie hunn ob eng 100% Aglidderung an eis Gesellschaft wei och op Chancëgläichheet. D’SLPL schafft drun, dass Kommunikatioun, Dialog a Bedeelegung un Entscheedunge vun alle Bierger matenee solle geholl ginn. Dat Zesummenhalen an Zesummeliewe fänkt schonns an der Famill an an der Schoul un déi eng Basis fir eng positiv professionell Zukunft ass. Familljeliewe muss méi en grousse Stellewäert kréien. Leider wuessen ëmmer méi Kanner an enger Famill op déi hautdesdaags just vun engem Elterendeel gefouert gëtt, a Kanner ginn ëmmer méi duerch Crèchen erzunn. Zesummeliewen an deene lëschte Joerzéngten huet sech staark gewandelt an eist Land muss sech deene Problemer unhuelen an se un der Wuerzel léisen.


D‘Sozialliberal Partei Lëtzebuerg well de soziale Verfall verhënneren, well mir der Meenung sinn, dass Kanner an enger Famill mat Mamm a Papp zesummen opwuesse sollen.


D‘Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass kee „fin en soi“, et gëtt offen a fair diskutéiert mat enger kloer Virstellung wéi eng Gesellschaft muss sinn. Nämlech sozial a liberal. Ziel muss sinn, dem Bierger villverspriechend Méiglechkeete fir eng sozial a fräi Gesellschaft bidden ze kennen ouni Rietspopulismus, Konservatismus a Bürokratiesozialismus.


Ech lueden Iech an, a Lëtzebuerg, an ärer Regioun, an ärer Gemeng zesumme mat der Sozialliberaler Partei ( SLPL ) a Gläichgesënnten ze diskutéieren fir eng fortschrëttlech, realistesch sozialliberal Politik matzegestalten, an Zukunft ze investéieren a net eng Vergaangenheet ze subventionéieren.


Ronald Mordiconi

President vun der SLPL


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.