Presentatioun

„All Texter, Fotoen a Grafiken op dëser Internetpräsenz si Copyright geschützt. Wann dir gären Deeler heivu wëllt benotzen, da kontaktéiert schrëftlech den Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Hien wäert dann de Kontakt mat dem Auteur oder vum autoriséierte Benotzer festleeën."

Foto: www.pixabay.com

IWWERT EIS

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg (SLPL) ass eng Partei, déi sech den 30 Juni 2018 zu Esch-Uelzecht zesumme gedoen huet. D’Iddi fir des Partei geet op de Ronald Mordiconi zeréck. Ziel vun der Partei ass Fräiheet a Gläichberechtegung vir all Bierger esou wéi eng vernënfteg, sachlech, analytesch, humanistesch, liberal a fortschrëttlech Politik woubäi och d'Erhale vun eiser Ëmwelt eng grouss Roll huet. Politik muss der moderner Zäit, dem 21. Joerhonnert gerecht gi wou Wuesstem an Nohaltegkeet kee Widdersproch däerfe sinn.

EIS POLITIK

D’Sozial Fräiheet ass d'Resultat vu Selbstvertrauen, Iwwerzeegung, perséinlechen Asaz an der Aarbechtswelt a Gesellschaft. A Lëtzebuerg gëtt et haut keng etabléiert Partei déi nach wandlungsfäeg ass, a sech un de Sozialliberalismus hält. Fräiheet vun de Mënchen ass eis am wichtegsten a sozial Gerechtegkeet garantéiert se. All Mënsch steet am Mëttelpunkt eiser Politik. Mir refuséieren de Rietspopulismus a gläichmacheresch kollektivistesch Tendenzen.


Absolut Fräiheet tendéiert zur Anarchie, dofir brauche mir eng sozial Fräiheet mat Gesetzer déi all Bierger virum Mëssbrauch duerch ondemokratesch Kräfte schützen. Gesellschaftlech a kulturell Diversitéit, politesch Divergenzen däerfen an dësem Kontext net ignoréiert oder ënnerdréckt ginn, well se maachen dat liberaalt eréischt fäeg a staark.

EIS VISIOUN

De Fortschrëtt a Formatioun vu politesche Visiounen si staark matenee verknëppt. Mir liewen an enger turbulenter Zäit mat Risikofaktor wou de Wuelstand a Liewenserwaardungen a Lëtzebuerg grouss gehale ginn. Wärend sech politesch Ideologien, innovativ Iddien a realistesch Visiounen an enger Zäitachs verléieren, dréit sech Welt weider mat néien Erausfuerderungen an deene Bierger vun enger Kris an déi aner geroden. Mir mussen aus dem politeschem Wanterschlof opstoen an déi visionär Iddien déi offen op der Strooss léien thematiséieren, soss kënne mir keng progressiv Themen an enger politescher Debatt bestëmmen. Mir brauchen eng modern Gesellschaft mat engem gescheite Pragmatismus, Visiounen an Utopien ouni autoritär Denkmuster aus der Vergaangenheet ze reaktivéieren, a keng déi an eng Dystopie verfalen.


Matdenken, matdiskutéieren a matbestëmmen, dat ass wat eis Politik ausmëscht.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.