Disziplinaraffär géint véier Parteimemberen

Photo: pixabay.com

Här Mario May, Johny Dinckelspiel, Jean Ersfeld, Steve Schmit, D’Partei invitéiert iech alle véier op eng Assemblée Général Extraordinaire. Den Datum an d’Adress kritt dir per Post matgedeelt. Dir sidd all vum Nationalpresident dacks genuch, mëndlech ewéi schrëftlech, gewarnt ginn opzehale géint de Politiker Här Joe Thein a seng Partei “déi Konservativ” op de Soziale Medien direkt oder indirekt ze lästeren an ze stëppelen.


Dir verstousst domat offiziell géint de Parteistatut a musst iech mat de Konsequenzen déi dorops baséieren ofginn.


De Nationalpresident a Membere vun der Partei hunn zu dësem Zäitpunkt haut den Owend, den 21.01.2020 decidéiert dass dir bis no der Assemblée Général Extraordinaire aus Sécherheetsgrënn keen Zougang méi op de Server vun der Partei hutt. ( Websäit, Webmail a Backoffice ).


  1. Dir hutt mat effet immédiat keen Zougang méi zu enger Versammlung vun der Partei bis no der Assemblé Général Extraordinaire a no der Decisioun vun de Parteimemberen.
  2. Dir sidd verflicht keng weider Membersdaten ( Virnumm, Familljennumm, Adress, Mail, Fotoen a Telephonsnummeren ) no baussen hin weider ze ginn!
  3. Dir sidd verflicht sämtlech Date vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg mat effet immédiat vun ärem Account op de Soziale Medien erof ze huelen! (Parteibanner, Parteilogoen, Parteifotoen, Parteiaffichen etc…)
  4. Dir sidd verflicht mat effet immédiat, direkt oder indirekt op de Soziale Medien op ze hale géint d’SLPL a seng Memberen ze schreiwen, ze lästeren oder ze stëppelen!
  5. Bis op Weideres huet d’Partei a seng Memberen decidéiert dass dir bis no der Assemblée Général Extraordinaire a no der Decisioun vun de Parteimemberen äre Parteiposten net méi kennt ausféieren.

----------

  • Mario May ( Nationalvizepresident – provisoreschen Ersatz vum Jim Weiland ) gestoppt!
  • Johny Dinckelspiel ( Generalkeesjee – provisoreschen Ersatz vum Brenda Mordiconi ) gestoppt !
  • Jean Ersfeld ( President/Delegéierten aus dem Nordbezierk ) gestoppt !
  • Steve Schmit ( Generalsekretär – provisoreschen Ersatz vum Isidore Ramos ) gestoppt !


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn

Comments