Lëtzebuerg, eng komesch Asymmetrie

Foto: www.pixabay.com

Oniwerraschend sinn och déi mannerwärteg, onpassend, nidderträchteg, schäinhelleg an dilettant Positioune vun de Lëtzebuerger Parteien. Déi etabléiert Parteien zerfleeschen sech selwer aplaz sech op dat ze konzentréiere wat de Bierger wierklech brauch. Et staunt oder ass verwonnert, ëmmer nëmmen deen, dee keng Ahnung huet.


Soll dat e moderne politeschen a demokratesche Start-up fir Lëtzebuerg sinn? Lues a lues gëtt de « NŒUD COULANT » zougezunn. An dat ganz bewosst! Et brauch en kee CLAIRVOYANT fir ze gesi wat fir fatal Konsequenzen dat mat sech zitt. Lëtzebuerger Politik gëtt op eng Aart a Weis ewéi e schlecht initiéiert Dréibuch an Hollywoodspektakel inzenéiert, et feelt just nach en Oscar fir d‘protagonistesch Regierung. Et gëtt en dem Gefill net lass, dass den aktuelle Sënn vun der Politik just Manipulatioun vu Bierger ass. Traureg, dass esou eppes hautdesdaags ëmmer nach virkënnt.


Theme wéi Basis Akommes oder Grond Akommes kënnen eréischt da festgeleeën oder fixéiert ginn, wann se fir d‘Mass brauchbar sinn. An dat dauert vill ze laang. Leider muss en och betounen, dass d’Recht op Aarbecht an d’Auskommes net automatesch zum allgemengen unerkannte KANON vu Mënscherechter gehéiert. Lëtzebuerger Politik brauch ganz schnell en Generatiounswiessel, eng néi sozialliberal Reguléierung a Rehabilitatioun. Mir mussen endlech agesinn, dass et an der Politik keng Polariséierung méi gëtt, a mussen ufänken néi Aarbechtsplazen an eng zukunftsfäeg Wirtschaft duerchzekréien.


De politesche Pluralismus huet nach ëmmer net d‘Iwerhand geholl. An der Gesellschaft däerf et haut kee Muechtzentrum méi ginn. Muecht muss an enger Balance gehale ginn an op verschidde Gruppe verdeelt ginn an déi gesamtgesellschaftlech Entscheedungen tëschent den Aflossgruppen ausgehandelt ginn.


Op mir eis op d‘Politik verloosse kennen, fir eis erfollegräich duerch eng Zukunft ze bréngen, bezweifelen ech ganz staark, falls mir se net dozou zwéngen. Dat funktionéiert awer och just als Gesamtgesellschaft. Echec et mat, ass keng Optioun, well de System mus ëmmer funktiounsfäeg bleiwen.

Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".