Eng Respektpersoun, Monarch a grousse Staatscheff huet eis verloost.
-
- (LU)
- Neies aus der Partei
- Ronald Mordiconi
- 445 Mol geliest
D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg a ganzt Lëtzebuerger Land ass an déiwer Trauer. De Grand-Duc Jean ass gestuerwen, dat huet de groussherzoglechen Haff an engem Schreiwes matgedeelt. Schonn den 21.04.2019 gouf matgedeelt dass de Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Jean sech däitlech verschlechtert huet, nodeems hien a puer Deeg virdru mat enger Longenentzündung an d'Spidol ageliwwert gi war.
Eise President Ronald Mordiconi huet de Grand-Duc Jean als Chef-Scout a senger Scoutszäit kennegeléiert. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass mat de Gedanke bei der ganzer Famill a mir drécken eist déifste Matgefill aus.
Iwwert den Auteur
De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".