Grënnung vum SLPL Nordbezierk

Foto: Copyright SLPL

Den Här Jean Ersfeld ass keen onbeschriwwent Blat. Hien huet säi Wee duerch déi Lëtzebuerger politesch Landschaft gemaach. Als Member bei déi Lénk (1999), bei der Biergerlëscht (2009) a bei déi Konservativ (2018) huet hien seng politesch Experienze gesammelt. 2004 huet hien d'Fräi Partei Lëtzebuerg (FPL) gegrënnt, där hiren éischte President hien och war.


2019 ass hien dunn bei Sozialliberal Partei Lëtzebuerg, SLPL, komm a sech eng Platz als aktive Member am Nationalvirstand elaboréiert. Op der Parteiversammlung vum 26 Juli 2019 ass hien zum President vum Nordbezierk gewielt ginn. Den Här Jean Ersfeld an déi néi aacht Memberen aus dem Norde vu Lëtzebuerg wäerten an deenen nächste Méint de Bezierk mat vill Freed a Vertrauen opbauen an eng sozialliberal Politik representéieren.