ADHS ass keng biologesch Krankheet

Foto: www.pixabay.com

No de Studien an déi verschidden Daten déi vum KIGGS vum Robert-Koch-Institut virleien, sinn ëmmerhin 5 % vun alle Kanner a Jugendlecher vun ADHS betraff. Bei weideren 5% léit en Verdacht ob ADHS vir. Et gi verschidden Typpe vun Therapien, wou awer just déi medikamentéis Therapie an aller leschter Instanz däerfen benotzt ginn. Wat leider net de Fall ass.


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass der Meenung, dass bei ADHS keng medezinesch Behandlung hëllefe kann an dass eis Kanner déi Medikamenter net brauchen. Medezin, Medikamenter mussen an dësem Kontext duerch méi Pädagogik ersat ginn. Kanner déi einfach net den Erwaardunge vun der Gesellschaft entsprieche ginn direkt medezinesch behandelt, wat méi Schued ewéi Guddes uriicht a wierken zousätzlech negativ op d’Entwécklung. D’Elteren an eis Gesellschaft musse géint déi Pathologiséierung vun hire Kanner aktiv ginn.


Methylphenidat, Medikamenter ewéi RITALIN oder MEDIKINET, ass pure Gëft. Methylphenidat ass offiziell als Betäubungsmëttel agestuuft ginn ! Et ass och Bewisen, dass wann ADHS-Patienten déi Medikamenter ofsetzen, sech d’Hyperaktivitéit wäitaus verschlëmmert. Dozou gehéieren och verschlëmmert Depressiounen, Halluzinatiounen, Schwindel, Lethargie, Psychosen, Muskelzucken a nach vill méi!


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg fuerdert eis Regierung an de Gesondheetsminister op, e strikte Verbuet vun dëse Medikamenter aus ze schreiwen. ADHS däerf net méi mat Medikamenter behandelt gi mee duerch alternativ Therapien. D’ Gesondheet vun eise Kanner geet fir.



An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wat fir Kontrollen zum ADHS gëtt et säitens dem Gesondheetsministère an der Regierung?
  2. Wat fir fundamental Studie léien dem Gesondheetsministère vir?
  3. Ass de Gesondheetsminister informéiert dass och Dokteren a Lëtzebuerg ëmmer méi déi Medikamenter eise Kanner verschreiwen obschonn se iwwert Nowierkunge beschtens Informéiert sinn?
  4. Wéi versicht d’Léierpersonal mat der gesellschaftlech, pädagogesch Spezifikatioun ëmzegoen?



An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Gesondheetsminister, villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.




Am Numm vun der Partei, Ronald Mordiconi Nationalpresident.


ANNEXE(S)
Offizielle Bréif: 02.08.2019 SLPL_OL_ADHS02082019 (hei klicken)


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".

    Commentairen