Excuse fir de Klimastreik

Foto: www.pixabay.com

Den Här Marc Goergen a seng Partei (Piratepartei Lëtzebuerg) positionéieren sech klipp a kloer dofir, dass Schüler ouni Sanktiounen um Klimastreik vu Fridays for Future: Youth for Climate Change, den 20ten an de 27te September 2019 deelhuelen a bidden de Schüler op der Websäit “https://www.piraten.lu/excuse/ “ ee Formular mam Titel “ D’Pirate schreiwen dir eng Excuse fir de Klimastreik!” un fir se den Dag ze excuséieren. Weideres fënnt en dann och nach op den diverse Social Media.


D’SLPL wëll kloer stellen dass se natierlech och fir de Klimastreik sech engagéiert, a se an dësem Schreiwes der Fridays for Future: Youth for Climate Change net schuede wëllen.


Mir sinn der Meenung dass wann e Schüler an der Schoul feelt ëmmer nach den Elterendeel oder den Tuteur familial vum Schüler eng Excuse ënnerschreiwe muss esoulaang de Schüler mannerjäreg ass.


D’SLPL ass der Meenung dass den Deputéierten Här Marc Goergen an Här Sven Clement e Mëssbrauch vun hire Mandater maache fir sech ze profiléieren. Et ass net déi éischte kéier dass se mat hirer Partei sech an de Klimastreik vun der Fridays for Future: Youth for Climate Change amëschen, obschonn déi Organisatioun klipp a kloer gesot hat dass sech Parteien eraus hale sollen. ( Presseartikel am Tageblatt vum 17.03.2019 mam Titel: Klimastreik-Organisatoren werfen Piratenpartei “Missbrauch” ihrer Bewegung vor.)


Mir fuerderen den Här Goergen a den Här Clement op hier Mandater of ze ginn. Béid Deputéiert sinn net méi Credibel – Glafwierdeg.


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Ween däerf engem mannerjäregem Schüler eng Excuse fir d’Schoul ausschreiwen ?
  2. Wéi Formell a wat fir schrëfftlech Richtlinnen a Richtegkeet musse fir eng Excuse erfëllt sinn ?
  3. Sinn déi Schoulexcusen gesetzlech festgehalen oder handelt et sech just em ee règlement d’ordre interne des règles préventives et disciplinaires ?
  4. Mussen d’Schoulen a Lëtzebuerg déi Excusen unerkennen ?



An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Educatiounsminister, villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.



Am Numm vun der Partei, Ronald Mordiconi Nationalpresident.



ANNEXE(S)
Offizielle Bréif: 19.09.2019 SLPL_OL_APO19092019 (hei klicken)


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".

    Commentairen