Ofso vum SLPL Parteikongress 2020
-
- LU
- Pressemitteilung
- Mordiconi Ronald
- 0 Kommentare
- 1.580 Mal gelesen
De Coronavirus (COVID-19) hält momentan déi ganz Welt an Otem. De Parteikongress vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg ass duerch Responsabilitéitsfroen, Sécherheets- a Gesondheetsgrënn a wéinst der Ausbreedung vum Covid-19 zu Lëtzebuerg bis op eng onbestëmmten Zäit annuléiert. De Kongress hätt sollten den 29 Mäerz 2020 ofgehale ginn. Op dëst Joer nach iwwerhaapt e Kongress wäert stattfannen, ass opgrond vun der prekärer Situatioun méi wéi a Fro gestalt.
All weider Versammlung gëtt bis no der Pandemie iwwert Videokonferenze cernéiert a suivéiert. Gesondheet vun eise Memberen huet Virrang dofir biede mer iech all em Versteesdemech. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg versicht déi schwiereg Situatioun ze packen, an hofft dass eis Memberen a Bierger vun enger tragescher Situatioun verschount bleiwen.
D'SLPL steet iech prinzipiell fir all weider Informatiounen a Froen zur Verfügung.
Kommentare
Neu erstellte Kommentare unterliegen der Moderation und werden erst sichtbar, wenn sie durch einen Moderator geprüft und freigeschaltet wurden.
Neu erstellte Kommentare unterliegen der Moderation und werden erst sichtbar, wenn sie durch einen Moderator geprüft und freigeschaltet wurden.