Nei Mesuren fir d'asammele vun Offäll

Foto: www.pixabay.com

Dës Mesuren erweisen sech awer an onsen Aen als ongerecht vis-à-vis vun den Awunner vun de betreffende Gemengen. Dofir wiere mer frou vun Iech eng Äntwert betreffend verschidde Froen ze erhalen.


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wisou kruten d'Awunner vun deene verschidde Gemengen de Courrier just 15 Deeg (15.12.2019) virum dem Ëmsetzen, esou hunn se keng Chance sech dogéint ze wieren?
  2. Wisou wann Awunner bis den 30.12.2019 keng Äntwert ginn, kréien se OUNI hiren Accord eng méi grouss Poubelle dohinner gesat?
  3. Wisou ginn Taxefix vun de Gemengen erhéicht, ouni dass d’Bierger mol opgekläert goufen, net jiddereen hat Méiglechkeet op déi organiséiert Info-Soirée ze goen?
  4. Wisou zousätzlech der Taxefix musse d'Leit nach pro Vidange vun der Poubelle ee Montant X bezuelen, wat an onsen Aen Doubel Emploi ass ?
  5. Wisou gëtt Kollekte vun den Dechets op 2 Mol de Mount erofgesat anstatt ewéi 1x Woch? Mir gesinn dëst ewéi wann Leit elo gezwonge sinn (well se effektiv keng Wal hunn) eng méi grouss gro Poubelle ze huele wat de Gemengen an der Sidec deemno méi Geld bréngt?
  6. Ween gëtt der Sidec d’Recht Entscheedungen ze huelen iwwert dem Awunner der Gemeng säi Kapp op en eng méi grouss Poubelle well oder net?

An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Madame Ministesch, villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.


Am Numm vun der Partei, Steve Schmitz, Sekretär Bezierk Norden.


ANNEXE(S)
Offizielle Bréif: 17.12.2019 SLPL_OL_SIDEC17122019 (hei klicken)


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Kommentare