COVID19 – Solidaritéit a fräiwelleg Hëllef

Photo: pixabay.com

Net nëmme Parteie mat Mandat an der Chamber, mee och Parteien ouni Mandat wëlle matschaffen an hier fräiwëlleg Hëllef an enger Form ubidden a sech bedeelegen.


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass der Meenung dass all Partei eng Flicht huet a mat perséinlecher Motivatioun all senge Bierger(innen) ze Hëllefen. Et muss näischt Spektakuläres sinn, well och kleng Saache kënnen eng grouss Hëllef sinn. An dësem Kontext stellt d’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg dem Lëtzebuerger Staat, der Regierung, der Chamber e Benevolat an e fräiwëllegt Engagement zur Verfügung. Et gi bestëmmt vill Méiglechkeeten un Projeten, Koordinatiounstelle fir fräiwëlleg Aarbecht mat ze schaffen.


D’SLPL diff sech freeën, sech fir de Wuel vun anerer mat asetzen ze kënnen.


An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Premier Minister, Staatsminister Xavier Bettel, villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.



Am Numm vun der Partei:

Ronald Mordiconi - Parteipresident