Fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun

Foto: pixabay.com

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg huet Bedenken zu der néier fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun „5G“ déi och zu Lëtzebuerg an noer Zukunft wäert mobiliséiert ginn. Als Partei weise mir drop hin, dass mir net géint eng innovativ Handy Kommunikatioun sinn. Fantastesch Informatiounen zu dëser Technik gouf et 2017 op dem Mobile World Congress zu Barcelona. Experimenter fir e méigleche Frequenzstandard ze kréie gi praktesch an all Land ëmmer nach vollbruecht. Fro stellt sech wat fir eng ass schiedlech fir eis Gesondheet!? Mir dierfen och net vergiessen dass op der A13 e Telekommunikatiouns Provider eng 5G-Teststreck well opbauen.


No deenen akribesche Recherchen déi Partei an deene leschte Méint gemaach huet, an ouni de Protokoll vun de Lëtzebuerger Gesondheetsgesetzer ze ëmgoen a gläichzäiteg wëssenschaftlech Renseignementer mat anzebegräifen, stelle mir déi 5G Mobilfunk Dissertatiounen a Fro.


Spéitstens 2020 soll de LTE (4G) Nofolger, 5G (fënneft Generatioun vun Handy Kommunikatioun) weltwäit gestart ginn. Esou d’Informatiounen aus der Press. Mir wëssen, dass onofhängeg a perfekt oder ideal methodesch Studie rar sinn. Den IARC (International Agency for Research on Cancer) selwer stuuft d’Handystrahlung als eventuell carcinogenic an.



An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wat fir fundamental Fuerschungen zum Schutz vun der Populatioun gëtt et säitens der Regierung?
  2. Wéi vill Bierger sinn an de leschten 10 Joer offiziell un EHS (Elektrohypersensibilitéit) zu Lëtzebuerg erkrankt ?
  3. Wat fir Studienresultater zum Kriibsrisiko wéinst Elektrosmog léien der Regierung an der AMMD fir ?
  4. Wéi präventiv gëtt Lëtzebuerger Populatioun vun der Regierung virun Handystralunge gewarnt?


An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Gesondheetsminister, villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.



Am Numm vun der Partei:

Ronald Mordiconi - Nationalpresident



Bréif - Äntwert
Datum PDF - Link
Offizielle Bréif:
20.03.2019 SLPL_OL_G520032019
Offiziell Äntwert:
07.05.2019 SLPL_OL_PR_G520032019




Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.

Comments