Bréngt E-Voting eis Demokratie a gefor?

You may notice, that many sections are currently only available in german and english. We are working hard to provide a full translation of our website, but this might take some time. Thank you for understanding.
Photo: pixabay.com

Här Minister Xavier Bettel,
Här Delegéierten Minister Marc Hansen,


Keng Experimenter mat der direkten Demokratie!


An engem Presseartikel deen den 20.09.2020 vum RTL publizéiert ginn ass, fuerdert JDL ( Déi jonk Liberal) d ’Aféiere vun engem elektronesche Vott fir Chamberwalen am Joer 2028.


Nieft der Bréifwal an der Walurn, spillt bis haut a Lëtzebuerg den elektronesche Vott just eng ënneruerdent Roll.


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg gesäit dat allerdéngs ganz kritesch a versicht mat Argumenter sech géint den E-Voting a géint d ‘Experimenter mat eiser Demokratie anzesetzen. Lëtzebuerg brauch eng sécher an vertrauenswierdeg Demokratie!


Mir weisen drop hin, dass mir als Partei net géint de Fortschrëtt si mee grad an der IT-Branche roden d ’Experten of, computergesteierte Systemer an den demokratesche Prozesser ze notzen. Bis haut ass nach keen Algorithmus mat enger absolutter sécherer Léisung fir den elektronesche Vott entwéckelt ginn. Dofir muss an dësem Kontext direkt eng Brems gezu ginn. Lëtzebuerg däerf keen interessant an oppen Ziel gi fir staatlech Hackerugrëff. Eleng schonn divers Argumenter dass en Kryptologie asetzt kann net iwwerzeegen!


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass stutzeg. Mir sinn der Meenung, dass d ‘Ambitioun bei verschidden Individuen, modern ze sinn an e grousse Sprong an der Digitaliséierung ze man, méi grouss ass ewéi d ’Risiken a Sécherheet realistesch anzeschätzen. Den Hoken dodrun ass, dass de PC mat sengem Betribssystem belibeg manipuléierbar ass.


Et däerf fir Chamberwalen 2028 keen elektronesche Vott ageféiert gi wann net absolut Sécherheet besteet. Natierlech kann et och bei der Bréifwal an bei der traditioneller Walurn zu vereenzelte Manipulatioune kommen. Déi wären dann awer net am grousse Stil ewéi dat beim E-Voting de Fall wier, andeems een de ganze Server hacke kann an d‘Ofstëmmungsresultat verännert.


Cyber-Attacken existéieren a si keng Fantasie. Et gëtt weltwäit kriminell Zeenen, déi sech kommerziell a politesch-strategesch ausriichten. „Beispill: Stuxnet, Wannacry an den EDA-Fall“


Dofir solle mer onbedéngt virsiichteg bleiwen a mussen oppassen dass net d ‘Illusiounen eng Debatt an der Politik dominéieren. Den E-Voting ass och net mat dem E-Banking ze verwiesselen.


En effiziente Staatsbetrib JO ; E-Voting: NEE


An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wéi stellt sech d ’Regierung Sécherheet vum E-Voting vis à vis vum klassesche Vott fir?
  2. Ween kontrolléiert a wien dréit Verantwortung bei enger Cyber-Attack wärend dem elektronesche Vott?
  3. Wéi héisch sollt de Käschtenopwand si fir eng physikalesch an eegestänneg IT-Anlag wou Funktiounsfäegkeet a Sécherheet permanent iwwerwaach muss ginn?


An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Premierminister, Staatsminister a Delegéierten Minister villmols Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.


Am Numm vun der Partei: Mordiconi Ronald



Bréif - Äntwert
Datum PDF - Link
Offizielle Bréif:
25.09.2020






Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.