Parteizeitung “Plenum” stellt sech vir.

An éischter Linn ass de Plenum eng Sëtzung oder Versammlung vu méiglechst alle Memberen aus enger Organisatioun. An der Politik gëtt den Ausdrock “Plenum” meeschtens fir eng Vollversammlung vum Parlament benotzt. Zu engem Plenum gehéieren deementspriechend Gruppenaarbecht, Gruppenmoderatioun, Gruppenprozesser a Gruppendynamik. A genau no dëser Method ass eis Parteizeitung zesummegestallt.


Fir d’SLPL muss dëse Plenum fir d’éischt definéiert a de politesche Gesamtpak mat vill Inhalt gefëllt ginn. Zu dësem Inhalt gehéiere Sammelberichter, Virstellungen, Interviewen, Rezensiounen, Informatiounen iwwert eis Aktivitéiten a Wëssenswäertes iwwert eis Politik a Partei.


Parteizeitung “Plenum” consacréiert sech allen politeschen Aspekter vum Liberalismus a Sozialliberalismus esou wéi den neisten politeschen Entwécklungen. De Plenum sprécht Bierger aus aller Altersklass un fir kënnen erfollegräich politesch Informatiounen un ze bidden.


De “Plenum” ass fir all eis Parteimembere gratis a gëtt reegelméisseg Verëffentlecht.