Lëtzebuerg, eng komesch Asymetrie

Photo: pixabay.com

Et däerf een net vergiessen, dass Lëtzebuerg trotz all sengen innovative Méiglechkeeten ëmmer nach mat Aarmut, Aarbechtslosegkeet a vill ze wéineg Ausbildungsméiglechkeeten esou wéi engem schwaache Bildungssystem ze kämpfen huet.


Oniwerraschend sinn och déi mannerwäerteg, onpassend, nidderträchteg, schäinhelleg an dilettant Positioune vun de Lëtzebuerger Parteien. Déi etabléiert Parteien zerfleeschen sech selwer aplaz sech op dat ze konzentréiere wat de Bierger wierklech brauch. Et staunt oder ass verwonnert, ëmmer nëmmen deen, dee keng Anung huet.


Soll dat e moderne politeschen a demokratesche Start-up fir Lëtzebuerg sinn? Lues a lues gëtt de « NŒUD COULANT » zougezunn. An dat ganz bewosst! Et brauch en kee CLAIRVOYANT fir ze gesi wat fir fatal Konsequenzen dat mat sech zitt. Lëtzebuerger Politik gëtt op eng Aart a Weis ewéi e schlecht initiéiert Dréibuch an Hollywoodspektakel inzenéiert, et feelt just nach en Oscar fir d‘protagonistesch Regierung.


Et gëtt en dem Gefill net lass, dass den aktuelle Sënn vun der Politik just Manipulatioun vu Bierger ass. Traureg, dass esou eppes hautdesdaags ëmmer nach virkënnt.


Theme wéi Basis Akommes oder Grond Akommes kënnen eréischt da festgeleeën oder fixéiert ginn, wann se fir d‘Mass brauchbar sinn. An dat dauert vill ze laang. Leider muss en och betounen, dass d’Recht op Aarbecht an d’Akommes net automatesch zum allgemengen unerkannte KANON vu Mënscherechter gehéiert. Lëtzebuerger Politik brauch ganz schnell en Generatiounswiessel, eng néi sozialliberal Reguléierung a Rehabilitatioun. Mir mussen endlech agesinn, dass et an der Politik keng Polariséierung méi gëtt, a mussen ufänken néi Aarbechtsplazen an eng zukunftsfäeg Wirtschaft duerchzekréien.


De politesche Pluralismus huet nach ëmmer net d‘Iwerhand geholl. An der Gesellschaft däerf et haut kee Muechtzentrum méi ginn. Muecht muss an enger Balance gehale ginn an op verschidde Gruppe verdeelt ginn an déi gesamtgesellschaftlech Entscheedungen tëschent den Aflossgruppen ausgehandelt ginn.


Op mir eis op d‘Politik verloosse kennen, fir eis erfollegräich duerch eng Zukunft ze bréngen, bezweifelen ech ganz staark, falls mir se net dozou zwéngen. Dat funktionéiert awer och just als Gesamtgesellschaft. Echec et mat, ass keng Optioun, well de System muss ëmmer funktiounsfäeg bleiwen.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn

Comments