Medienmatdeelung zur Grënnung vun der SLPL

Foto: www.pixabay.com

Am Laf vum Owend ass de Punkt zur Parteigrënnung intensiv diskutéiert ginn. De Grondsteen an d' Iddi fir eng Sozialliberal Partei a Lëtzebuerg ze grënnen hat den Här Ronald Mordiconi wou hien den 20.06.2018 offiziell aus der FÖDP (Fräi Ökologesch Demokratesch Partei) wéinst Meenungsdifferenzen do ausgetrueden ass. An der Versammlung vum 30.06.2018 ass fir d'éischt de Parteinumm "Sozialliberal Partei Lëtzebuerg" zesummen analyséiert ginn. De selwechten Owend sinn nach Statute virbereet an iwwerschafft ginn.


De 6. September 2018 war just de Statuten an den interne Wale fir Membere gewidmet. Statuten an de Parteilogo si vun allen Memberen unerkannt an ënnerschriwwe ginn. D'Parteistatute ginn an deenen nächsten Deeg an de Lëtzebuerger Handelsregister (RCSL) agereecht.


D' Statute sinn duerch en Statutenkonzept mat enger kommentéierter Ausgab fir Grënnung vun enger Partei duerch LIQUIDLABS entworf ginn a fir d'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg gebrauchten a politesch Zwecker ugepasst. Den Entworf ass eis fir eng onageschränkten, gratis an dauerhaft Notzung zur Dispositioun gestalt ginn.


De Nationalvirstand besteet fir de Moment aus den ausgewielte Persounen:

  • Ronald Mordiconi (Nationalpresident)
  • Jim Weiland (Vizepresident)
  • Isidore Ramos (Generalsekretär)
  • Brenda Mordiconi (Generalcaissière)


Bezierk- a Sektiounsverbänn wäerten sech an deenen nächste Méint etabléieren.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".