Keng Hëllef fir e krankt Kand am räiche Lëtzebuerg?

Photo: pixabay.com

Den aarmen Dean huet déi lëscht Jore méi Zäit am Spidol verbruecht ewéi bei senger Famill doheem.


Den Dean bréicht eng Transplantatioun vum Daarm, wat leider net esou einfach ass. Dës Transplantatioun stécht awer nach an de Kannerschong an ass nach guer net oft an Europa gemaach ginn. De Jong huet grouss Péng a gëtt all Dag iwwer Baxtere geniert. Hëllef an eventuell Rettung erwaart d'Famill sech deemno an den USA well déi Krankheet do méi bekannt ass. Dokteren an Amerika sinn a Kenntnis gesat a wëllen sech der Saach unhuelen.


De Skandal bei der Saach am räiche Lëtzebuerg:

Dës Rees vu Lëtzebuerg bis an d'USA an d'Klinik mat Air Rescue kascht 78.000 Euro. Gutt verstanen, just bis dohin, dobäi si nach net d'Käschte fir d'Operatioun, Logement vun der Famill an den Heemwee, etc. mat aberechent. A keng Krankekeess hellt sech der Saach un: Mam Vermierk, dass Lëtzebuerg keen Accord mat Amerika hätt.

  • Steet e Liewe vun engem Kand net iwwert all Konventioun?
  • Firwat gëtt eng Famill hei schänterlech am Ree stoe gelooss?
  • Ass dat d'Politik vum Gesondheetswiesen am räiche Lëtzebuerg?

Fir aner onnëtz Saachen si schrecklech vill Ressourcen drop gaangen z.B. 15 Mio. Euro an de Weltall fir Steng sichen ze goen obschonn dass dee Projet vun Ufank un zweiwelhaft war an eng Firma herno eng Faillite gebaut huet... Huet Lëtzebuerg seng Mënschlechkeet da ganz begruewen? Lëtzebuerg, QUO VADIS???



INFO: Intestinal Pseudo-Obstruction


AUTEUR:

Mireille Delli Zotti-Meyers

An eegener Saach:

Déi politesch Meenung a Siichtweis vum Auteur ass seng Eegen an entsprécht net onbedéngt Positioun vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg.

Comments