Denkustéiss a punkto bezuelbar Wunnengen

Foto: www.pixabay.com

Leider ass bis haut vun dëse Verspriechen absolut näischt ze gesinn. SLPL fuerderen eis Regierung op, déi inakzeptabel Wunnengsproblemer an de Greff ze kréien.


Mir brauche méi Sozialwunnengen an deem och Accessibilitéit vereinfacht gëtt. Wunnengen déi op laanger Zäit eidel stinn, mussen onbedéngt méi staark besteiert ginn. Zousätzlech brauche mir onkomplizéiert Hëllefsleeschtungen am Kontext déi fir jonk Familljen an Eenzelpersoune bei der Immobilienverscholdung, den Immobilien-Akafsgarantien an de Loyerskautiounen. Och d’Agencekautioune mussen un déi finanziell Méiglechkeete vu de Leit ugepasst ginn.


Ze bedenken sinn och bezuelbar Wunnengen fir déi Léit, déi en RMG / REVIS, Léit déi eng Pensioun kréien a fir Léit déi Gesonndheetlech ageschränkt sinn.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.

    Iwwert den Auteur

    De Ronald Mordiconi, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker. Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".