D'Wuert vum Parteipresident

Foto: www.pixabay.com

Eng Sozialliberal Kontextualiséierung

Léif Parteimemberen,

Matbierger a Matbiergerinnen,


De Liberalismus ass déi Eelst vun de moderne politesche Beweegungen. De Journalist Karl Grün hat schonns 1845 vum Sozalliberalismus geschriwwen. De Begrëff „Sozialliberalismus“ gouf awer eréischt 1891 vum Nationalekonomist, Journalist a Publizist Theodor Hertzkas agefouert. De wuel wichtegste Virleefer a Virdenker war den englesche Philosoph an Ekonomist John Stuart Mill (1806-1873).


De politesche Liberalismus ass niewent dem Konservatismus an dem Sozialismus eng vun de wichtegste politesche Grondausriichtungen. Geschichtlech gesinn ass de Sozialliberalismus net mat dem Lénkliberalismus ze verwiesselen.


Wéi all Form vu Liberalismus definéiert sech och de Sozialliberalismus aus dem Konzept vun der Fräiheet. De Sozialliberalismus ass net nëmme parteipolitesch engagéiert mee en erméiglecht en soziaalt Engagement. Eng Renaissance fir de Sozialliberalismus ass méiglech, och wann déi verschidde sozialliberal Elementer konjunkturbedéngt sinn.


Lëtzebuerg ass e Land mat enger gespléckter Gesellschaft wat zanter laangem positiv politiséiert ass. Déi etabléiert Parteien hunn Muecht ënnert sech opgedeelt. Net nëmme mat de Strukture mee och mat de Koalitiounspartner. Dat ass eng Problematik well se all déi selwecht politesch Entscheedungen treffen, dobäi ginn ëmmer nëmmen déi Delegéiert gewielt déi de stäerkste Réckhalt hunn. Aussesäiter (Outsider) mat politeschen Iddien a Kompetenzen si bei de Parteie wéinst hiren interne politesche Karriären onbeléift.


Mëttlerweil traut Majoritéit vun de Bierger de Parteie keng politesch Verännerung méi zou. Lëtzebuerg brauch onbedéngt e politesche Strategiewiessel mat sozialliberale Viraussetzunge wou déi gesellschaftlech Grondproblemer an éischter Plaz stoe mussen.


Fir en Zesummeliewen an eiser Gesellschaft braucht ee Grondreegelen. Gesellschaft ass ewéi eng grouss Grupp mat eenzelen Individuen déi sech am beschte Fall matenee verdroen, zesummenhalen a Récksiicht een op den Aneren huelen, egal wat fir eng Hautfaarf, Relioun oder Nationalitéit een huet.


D’Integratioun muss haut an och an Zukunft en Instrument sinn, dass déi Leit, déi hei an d'Land kommen eng Garantie hunn ob eng 100% Aglidderung an eis Gesellschaft wei och op Chancëgläichheet. D’SLPL schafft drun, dass Kommunikatioun, Dialog a Bedeelegung un Entscheedunge vun alle Bierger matenee solle geholl ginn. Dat Zesummenhalen an Zesummeliewe fänkt schonns an der Famill an an der Schoul un déi eng Basis fir eng positiv professionell Zukunft ass.


Familljeliewe muss méi en grousse Stellewäert kréien. Leider wuessen ëmmer méi Kanner an enger Famill op déi hautdesdaags just vun engem Elterendeel gefouert gëtt, a Kanner ginn ëmmer méi duerch Crèchen erzunn. Zesummeliewen an deene lëschte Joerzéngten huet sech staark gewandelt an eist Land muss sech deene Problemer unhuelen an se un der Wuerzel léisen.


Obschonn et dem Mënsch vun haut besser geet, ass hie méi aarm drun ewéi virum Industriezäitalter. De modernen Individuum den an engem vereenegtem Europa lieft steet haut des Daags um Rand ausserhalb vun der Gesellschaft am Géigendeel vu senge Virgänger den um Rand vun der Gesellschaft stoung. De Prozess vum sozialen Zerfall dee matten an der Gesellschaft stattfënnt ass haut méi staark ewéi den internationalen Terrorismus.


Demokratie an d‘Maartwirtschaft kann en zwar rëselen awer net esou einfach ersetzen. D‘Sozialliberal Partei Lëtzebuerg well dee sozialen Zerfall verhënneren.


D‘Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass kee „fin en soi“, et gëtt offen a fair diskutéiert mat enger kloer Virstellung wéi eng Gesellschaft muss sinn. Ziel muss sinn, dem Bierger villverspriechend Méiglechkeete fir eng sozial a fräi Gesellschaft bidden ze kennen ouni Rietspopulismus, Kapitalismus, Konservatismus a Bürokratiesozialismus.


E fräie Bierger ze si bedeit, am 18 Joerhonnert biergerlech, am 19 Joerhonnert politesch an am 20 Joerhonnert sozial Rechter ze hunn. Esou de britesche Soziolog Thomas Marshall (1950).


E permanente a standfeste Liberalismus kann sech net vollstänneg vum Staat enthalen. D‘Fräiheet bedeit, sech un de Prozesser bedeelegen ze kënnen, an all Moment de Begrëff Fräiheet mat anere Wäerter, wéi sozial Ziler, ofgestëmmt kann a muss ginn. De Bierger muss kennen direkt oder indirekt mat diskutéieren a mat entscheede wat an engem Staat decidéiert gëtt a wéi déi Konzeptiounen, Decisiounen, Resolutiounen a Determinatiounen auszefalen hunn.


D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg, SLPL, ass der Meenung dass Lëtzebuerg an engem hemmungslosen an onkontrolléiertem politesche Maart ukomm ass. An deen onkontrolléierte Maart ass de Feind vun der Fräiheet. E fräit Liewe féieren ouni iergend eng Liewensweis, Astellung, a Denkweis (Zynismus) ass gesellschaftlech souwéi politesch e Paradox.


De politesche Maart a Lëtzebuerg an a ganz Europa huet extrem Ongläichheeten, Inegalitéite generéiert souwéi Muechtproportiounen, Muechtkampf an eesäiteg Ofhängegkeete besigelt. Jonk Famillje ginn duerch Maartstrukture besonnesch benodeelegt, defavoriséiert an desavantagéiert. Et gëtt hinne schwéier gemaach en autonoomt Liewen ze féieren.


Eis demokratesch Entscheedungsprozesser, wéi se an der Verfassung beschriwwe ginn, funktionéiere schoun säit Joerzéngten net méi. D’Resultater vun der demokratescher Politik si leider net déi, déi den Erwaardunge vun de Bierger sinn. Lëtzebuerger Regierung spillt reegelrecht mat eiser Zukunft. Mir brauchen onbedéngt eng Politik fir Majoritéit a net fir Lobbyisten oder Millionär- a Milliardärsprossen. De politeschen Afloss vun de Lobbyiste muss onbedéngt agegrenzt, schaarf limitéiert, an déi Anti-Korruptiouns Reegele méi staark kontrolléiert ginn.


Et erënnert en sech Lapidar drun, dass et ewéi zu der Zäit Justinians, net nëmme Populatiounen, Sproochen, Rassen a Kulture Vergänglech a Transitoresch sinn, mee dass et falls mer esou politesch weider maachen an e puer Joerhonnerte keng westeuropäesch Kultur méi gëtt. Eis Politiker hunn sech am Interesse vun de Wieler ze orientéieren!


Ech lueden Iech an, a Lëtzebuerg, an ärer Regioun, an ärer Gemeng zesumme mat der Sozialliberaler Partei ( SLPL ) a Gläichgesënnten ze diskutéiere fir eng fortschrëttlech, realistesch sozialliberal Politik matzegestalten, an Zukunft ze investéieren a net eng Vergaangenheet ze subventionéieren.


Ronald Mordiconi

Parteipresident


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Originalbréif entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugekuckt ginn.