Energy and Climate Protection

Photo: pixabay.com

MEENUNG A POSITIOUN VUN DER SLPL

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg setzt sech fir erneierbar Energien, esou wéi eng effikass an ëmweltfrëndlech Energiepolitik zu Lëtzebuerg an a ganz Europa an, déi sech och eng biergerlech Gesellschaft leeschte kann.


Keng Partei a Lëtzebuerg ass aktuell an der Lag eng konsistent Politik ze maache bei der mat Verstand a Vernonft Klima an Energiepolitik bedriwwe gëtt an der och gläichzäiteg Zieler erreecht kenne ginn. E Beweis dofir ass den aktuelle Klimapak, de virun allem eis Mëttelschicht belaascht. All Mënsch wënscht sech dass Klima erhale bleift awer Klima-Bedruch, Klima-Hypokrisie, blannen a schäinhellegen Aktionismus an Hyperthymie hëllefe kengem weider.


Klimaschutz ass méi wichteg ewéi de Profit vun de Lobbykonzerner. Dofir ass d‘SLPL och géint den aktuelle Mercosur-Ofkommes den eng periphere Handelscommunautéit an enger neoliberaler Globaliséierung ass, mat enger wirtschaftlecher Integratioun vu Lobbykonzerner a Gewerkschaften. De Mercosur-Ofkommes mat der EU ass elo schonns eng markéiert Kooperatioun mat engem Accroc.


De Klimaschutzprogramm 2050 ass weider ze entwéckelen an ze förderen. E vun de wichtegsten Zieler wier et e Lëtzebuergescht Klimaschutzgesetz ze insistéieren, fest ze leeën an ze verankeren. Eng Weltwäit Ëmstellung op erneierbar Energien, eng ökologesch Korrektur souwéi eng ökologesch reamenagéiert Landwirtschaft sollten hëllefen de Klimawandel wéinstens zum Deel an de Grëff ze kréien.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.