Parents and family

Photo: pixabay.com

MEENUNG A POSITIOUN VUN DER SLPL


Fraen a Männer si gläichberechtegt. Keng Fra a kee Mann däerf wéinst sengem Geschlecht, senger Ofstamung, senger Sprooch, sengem Origine, sengem Glawen, senger reliéiser a politescher Astellung benodeelegt oder privilegéiert ginn. Dofir fuerderen d’SLPL de gläiche Loun, Aarbecht, Beschäftegung an Ausbildung zwësche Fraen a Männer.


Déi Aart a Wéis, wéi mir haut als Famill zesumme liewen ass net méi prestigiéis. An deene meeschte Familljen hunn d’Eltere keng Virbiller méi. Famillje brauchen erëm eng Bedierfnessorientéiert Pädagogik. (Attachment Parenting).


D’Ufuerderungen, Bedierfnesser un eng Famill sinn am 21 Joerhonnert enorm ginn. D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg fuerdert eng Anti-Aarmutspolitik fir Familljen an eng Grondsëcherung déi all kulturell, sozial a politesch Interessen a materiell Besoinen an der Gesellschaft fir Noutwendegkeeten ofdeckt.


An der ganzer Europäescher Unioun ass an dem leschte Joerzéngt eng extrem Käschtenexplosioun fir Familljen ugefall. Dofir fuerdere mir en europäescht Zousaz Kannergeld nieft dem nationalem Kannergeld vun engem Betrag vu mindestens 50 Euro pro Mount.


D’SLPL vertrëtt d'Meenung, dass de Staat all Elteren ënnerstëtze muss, déi hier Kanner selwer erzéie wëllen.


Gender-Doktrinn, Gender-Indoktrinéierung a Gender-Ideologie gehéieren net an d‘Schoul. Déi Sexuell Diversitéit huet mat der Erzéiung an der Famill statt ze fannen.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.