Reassess politics

Photo: pixabay.com

MEENUNG A POSITIOUN VUN DER SLPL

Déi Europäesch a Lëtzebuerger Finanzpolitik a Bankesystemer musse méi Effektivitéit, Effizienz a sozialliberal ginn. Mir sinn der Meenung dass et net um Staat ass an och net um Steierzueler, wa Banken déi vun Insolvenz betraff sinn, hafte mussen. Lëtzebuerg brauch onbedéngt en néie Bankemodell. Deementspriechend soll och Trennung tëschent Geschäftsbanken an Investitiounsbanke gefördert ginn.


D’Steierverwaltung huet ee vun de wichtegsten Aufgaben am Finanzsecteur an hëlleft aktiv mat zu der Entwécklung vun engem Netz vu Konventiounen, fir d'Duebelbesteierung ze vermeiden.


Dass de Lëtzebuerger Steiersystem ongerecht ass, ass schonn eng Zäitlaang bekannt. D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg mengt dat et der Politik awer zimlech egal ze si schéngt. Steierreform vun 2017 war politesch gesi just nëmmen e Minimalkonsens. Belaaschtung vun de Personnes Physiques ass einfach ze héich, net sozial a net gerecht. Mir sinn der Meenung dass de Staat net berechtegt ass dem Proletariat an dem Prekariat oder enger biergerlecher Gesellschaft an de sozial benodeelegte Schichten esouvill Steieren op ze droen.


D’Regierung soll sozial selektiv Steiermesuren fir d'Leit aféieren an ophalen d’Aarbecht also d’Salariat ze besteieren, dofir déi grouss Gewënner vun de Multikonzerner an d’Bourgeoisie richteg besteieren.


SLPL fuerdert onbedéngt a schnellst méiglech eng ugepassten Entlaaschtung u Steiere fir den einfache Bierger. Dat well net heeschen, dass Steierklass 1 ganz verschwanne muss. Déi héich Steieren an der Steierklass 1 weisen, dass Politik hei zu Lëtzebuerg vill ze laang nogekuckt huet an net vill ënnerholl huet. Politik muss reagéieren, soss ass Steiergerechtegkeet net méi ginn.


Mir fuerderen, dass Grondsteier a Gewerbesteier bei den Entreprisen mat grousser Surface, erhéicht an ugepasst muss gi fir méi eng sozial a fair Gerechtegkeet bei der Majoritéit vun der Populatioun ze hunn a fir Baulandspekulatiounen endlech an de Grëff ze kréien. Een de vill Geld verdéngt soll och deementspriechend Steiere bezuelen.


Mir brauchen eng effizient, fair, einfach a sozial Steierreform bei dem Steier- an d‘Sozialsystem aus engem Goss musse sinn. De ganzen ontransparente Steierchaos muss endlech en Enn kréien.


D’Erausfuerderung ass, dass de Bierger erëm an der Lag ass seng Steiererklärung kënnen ze verstoen.


All Verännerung déi an engem vun dëse Systemer gemaach gëtt, huet ëmmer eng Auswierkung, op positiv oder negativ, op all déi aner Finanz, gesellschaftlech oder politesch Systemer.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.