Sport

Photo: pixabay.com

MEENUNG A POSITIOUN VUN DER SLPL

De Sport ass eng kulturell Aktivitéit fir de Mënsch mat verschiddene Bewegungsformen a kierperlecher Aktivitéit a Form a Gesond ze halen. De Sport fördert a contribuéiert zum Zesummenhalt vun enger Gesellschaft an dréit e wichtege Bäitrag bei der Educatioun, Bildung an Integratioun bei. D’SLPL leet vill wäert drop dass scho Kanner no dem „éducation précoce“ zum Sport gefördert ginn. De Schoulsport muss erëm en integralen an a variéierter Form Bestanddeel vum Léierplang sinn.


Jorelaang ass bekannt dass och Athlete mat engem Handicap a Saache Sport mat vill Disziplin sech net ze verstoppe brauchen. Mir fuerderen dass och dat weidergefördert gëtt.


Keng Toleranz fir Dopping. Dopping ass en internationale Problem. D’SLPL steet fir eng konsequent Continuatioun vun der Doppingbekämpfung a Doppingkontroll am Profisport.


Indikatioun:

Des Ausgab vum Text ass duerch eng Kopie vum Original entstanen. D'Originalversioun mat dem offizielle Publikatiounsdatum kann all Moment mat enger schrëfftlecher Ufro an der SLPL Parteizentral ugefrot ginn.