De Bréifdréier als technesch qualifizéierte Sozialaarbechter
Oppene Bréif un de Wirtschaftsminister Här Étienne Schneider. De Bréifdréier ass e wichtege Beruff an net just en einfache Job. E Beruff mat vill Verantwortung vis à vis vun allen Bierger. Eng Fachkraaft fir Bréif, Express, Päck a Postdéngschtleeschtungen. De Bréifdréier suergt dofir dass Bréiwer, Rechnungen, Rappeller, wichteg Dokumenter, Päck a zou gudder lescht och nach Reklammen an eis privat Bréifkëscht kommen.