Mordiconi Ronald

  • De Mordiconi Ronald, gebuer den 22 August 1972 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuerger Politiker.

    Ronald Mordiconi

    Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei". Zousätzlech ass hien den 11.03.2020 bei der Europa-Unioun Lëtzeburg asbl (EUL) Member ginn.



    CARRIÈRE:

    No der Primärschoul zu Esch-Uelzecht an dem Lycée Technique du Centre huet hien sech 1993 op säin Beruff als Konschtbuchbënner konzentréiert.


    1999 huet de Ronald Mordiconi zesummen mam Luke Haas an dem Georges Lellinger den éichten offiziellen Comicveräin "Cercle Comics asbl" gegrënnt. Gläichzäiteg huet hien och bei der Tooligan Software Solution (Juni 2001) un der Gestaltung vum ComicKeeper matgeholleft.


    2009 get hien Member bei der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL). Bei de Chamberwale vum 20 Oktober 2013 huet hien op der Lëscht vun der KPL am Walbezierk Zentrum kandidéiert. No dese Walen ass hien zu "déi Lénk" gewieselt, wou hien knapps e Joer bliwwen ass.


    Den 2ten September 2016 grënnt de Ronald Mordiconi seng alternativ Gréng Partei. D'Fräi Ökologesch Demokratesch Partei wou hien och als Nationalpresident gewielt ginn ass. Duersch Meenungsverschiddenheeten mam Vizepresident Här Steve Melmer huet hien mat "effet immediat" d'Partei kuerz virun de Chamberwalen 2018 verloost wou hien och als Spëtzekandidat op der Lëscht stung.


    Den 20.06.2018, nach virun den Chamberwalen grënnt hien eng néi Partei. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg - SLPL. Partei konnt awer wéinst Zäitmangel net méi un de Chamberwalen bedeelegt ginn.




    PERSONENBEZOGENE DATEN
    Jahrgang 1972
    Nationalität Luxemburger
    Wohnort Esch-sur-Alzette
    Berufliche Qualifikation Kunstbuchbinder, Postbeamter
    Ausgeübte Tätigkeit FÖDP Parteivorsitzender 2016 - 2018
    SLPL Parteivorsitzender 2018 -
    Wahlkreis Süden
    Instanzen Nationalvorstand, Parteipräsidium
    Politisches Mandat
    E-Mail rmordico@sozialliberal.lu

Share