Ronald Mordiconi
Hien ass zanter dem 30.06.2018 de Parteigrënner a Parteipresident vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg. Zanter dem 06 März 2019 ass hien och Member bei der "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa - ALDE Partei".
CARRIÈRE:
No der Primärschoul zu Esch-Uelzecht an dem Lycée Technique du Centre huet hien sech 1993 op säin Beruff als Konschtbuchbënner konzentréiert.
1999 huet de Ronald Mordiconi zesummen mam Luke Haas an dem Georges Lellinger den éichten offiziellen Comicveräin "Cercle Comics asbl" gegrënnt. Gläichzäiteg huet hien och bei der Tooligan Software Solution (Juni 2001) un der Gestaltung vum ComicKeeper matgeholleft.
2009 get hien Member bei der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL). Bei de Chamberwale vum 20 Oktober 2013 huet hien op der Lëscht vun der KPL am Walbezierk Zentrum kandidéiert.
No dese Walen ass hien zu déi Lénk gewieselt, wou hien knapps e Joer bliwwen ass.
Den 2ten September 2016 grënnt de Ronald Mordiconi seng alternativ Gréng Partei. D'Fräi ökologesch Demokratesch Partei wou hien och als Nationalpresident gewielt ginn ass. Duersch Meenungsverschiddenheeten mam Vizepresident Steve Melmer huet hien mat "effet immediat" d'Partei kuerz virun de Chamberwalen 2018 verloost wou hien och als Spëtzekandidat op der Lëscht stung.
Den 20.06.2018, nach virun den Chamberwalen grënnt hien eng néi Partei. D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg - SLPL. Partei konnt awer wéinst Zäitmangel net méi un de Chamberwalen bedeelegt ginn.